Flott kulturell Aktivitéiten
CreativeLab bréngt Lycéesschülerinnen a Lycéesschüler mat Acteuren aus dem Lëtzebuerger Kultur- a Kreativberäich zesummen.
D’Zil ass et, de Jonke flott kulturell Aktivitéiten unzebidden, déi vu passionéierte Fachleit konzipéiert an ëmgesat ginn, fir hire Virwëlz unzereegen, hir Kreativitéit ze fërderen an hiert Potenzial fräizeleeën.
Immersiv Atelieren, interaktiv Workshops, partizipativ Performancen, couragéiert kënschtleresch Projeten
Kulturell Acteure ginn domat direkt an de Lycéeën aktiv, am Kader vun engem strukturéierte Programm, deen de Schoulalldag ergänzt a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend finanzéiert gëtt.
Konkreet bedeit dat:
- Kulturell Acteure konzipéieren hir Projeten a reeche se an.
- D’Propositioune ginn an engem nationale Katalog online publizéiert.
- D’Lycéeë wielen d’Aktivitéiten no hirem Interessi a Besoin aus.
- D’Interventioune fannen an de Schoulen ausserhalb vun de Coursë statt a gi vun Experten aus dem kulturellen a kreative Secteur encadréiert.